De Service national de la jeunesse invitéiert Iech ganz häerzlech op den NaTOURerliefnisdag, de 14. Juni 2026 vun 10h00 – 17h00 zu Huelmes.

Programm

Freed iech op e gutt gefëllte Programm mat flotte Workshops a Statioune ronderëm Huelmes. Ënnert anerem erwaarden iech: am Weier dëmpelen, Waasserrad bauen, Seel bannen oder Feier maachen.

Egal ob Grouss oder Kleng – hei gëtt et vill ze erliewen!

10h00 – 17h00

Huelt u verschiddenen interaktive Statiounen deel, ënnert anerem zu den Theme Beien, Waasser a Bësch.

10h00

Den Prof. Aqua-Wass proposéiert eng spannend Waasser-Show bei der Quellfaassung.

11h00 – 13h00

Besichtegung vun der Quellfaaassung. Hei kritt dir en exklusiven Abléck an d’Gewënnung vun eisem Drénkwaasser.
 

13h00 – 14h00

Ee Workshop “Feier”. Ugebuede vun der Wildnis asbl. fir Kanner ab 6 Joer, Jonker an Erwuessener.

14h00 – 15h00

Ee Workshop “Schnëtzen”. Ugebuede vun der Wildnis asbl. fir Kanner ab 6 Joer, Jonker an Erwuessener.

GREEN EVENT

Dëst ass een nohaltegt Event mam Label « Green Events »:

  • Mir encouragéiere jidderee fir mam ëffentlechen Transport op Huelmes ze kommen. Vun der Mierscher Gare aus fueren d’Buslinen 932 an 931 direkt op Huelmes (Arrêt Schoul). Informatiounen iwwer mobiliteit.lu
  • Notzt eis Gratis Navette (cf. Punkt Accessibilitéit)
  • All eis Produite kommen aus regionaler Bio-Produktioun a mir bidden och vegan a vegetaresch Iessensoptiounen un (cf. Punkt Catering)

Accessibilitéit

D’Parkméiglechkeeten am Duerf si begrenzt an dofir hu mir eng GRATIS NAVETTE en place gesat. Se fiert a reegelméissegen Ofstänn vun 9h45 – 17h30 follgend Statiounen un:

  • Hollenfels – “Hollenfels, Schoul » – Centre SNJ
  • Etangs de la Kalbach – “Hollenfels, Kuelbecherhaff”- Statioun 9
  • Ansembourg – Parking du Château d’Ansembourg

Catering

De ganzen Dag iwwer beim SNJ Zenter Huelmes (1, rue de Tuntange / Al Schoul Huelmes).

Kontakt

Sollt dir nach Froen hunn dann zéckt net eis per Mail (hollenfels@snj.lu) oder Telefon (247-86432) ze kontaktéieren.