Du bass dynamesch, hues iwwer 18 Joer an du hues Loscht mat Jonker ze schaffen? Mir siche Freelance déi Gruppe vu Jonken an de Branchë Kreativitéit, Sport, Natur, Medien an Team-Aktivitéiten encadréieren. Wann dat dech intresséiert, da mell dech elo un, a gëff en Deel vun der SNJ Freelance-Ekipp.