Elina: hello, wmd?
Amra: Sinn op insta du?
Elina: same brauch paus vum leieren
Elina: annn ech well dei foto op insta posten, ass se gudd?
Amra: geilen outfit
Amra: LITERAL SLAY!!!!
Elina: merciii 🥰🤗
Amra: du must mol meng Story kucken an alles liken op Instagram mee du musst net
Elina: dach dach, man mei speit
Amra: omg, heen huet grd eng stry gepost
Elina: Wattt?
Amra: eng Foto aus der Vakanz
Elina: Hueste Seng Story gelikt
Elina: ?
Amra: jooo
Elina: Wei heecht heen op insta?
Amra: mom schecken der
Elina: mrc, kkn/(stalken) mol och
Amra: haha ok
Elina: 10/10 den rizz muss ech zwar soen
Amra: bahhhh ioooo
Amra: ech crushen mega op heen
Amra: mir schreiwen dauernd op snap
Elina: Awww süss
Amra: a wéi geet et mat dengem crush?
Elina: nix
Elina: mee lemme be delulu
Amra: fwwww?
Elina: mengen ech hunn keng Chance bei him 🥹
Elina: followen heen op insta mä trauen mech net ze schreiwen, mä reageieren heiansdo op seng stry
Elina: mee haaptsaach mir snappen awer, heen ass mega leif
Amra: ma kk, dat ass en zeechen😍
Elina: hahaha jo, delulu is the solulu
Amra: wllh, dir wärt sou cute ec 💍
Elina: neee, Single forever 😂
Elina: ech hoffen ech kann him trusten😭
Amra: Ohhhhhh 😭😭😭
Erklärungen zu Chat: Sozial Medien
| Wierder/Phrasen | Bedeitung |
| wmd | Wat méchs du? |
| insta | |
| same | mir geet et d‘selwecht |
| posten | eppes online setzen |
| literal slay | absolut gäil |
| story | eng Instagram-Story kann e Bild oder e kuerze Video sinn, dat a 24 Stonnen no Verëffentlechung erëm verschwënnt |
| grd | grad |
| hueste | Verschmelzung vun „hues de“ |
| mom | Moment |
| mrc | merci |
| kkn | kucken |
| rizz | vu Charisma ofgeleet , kënnt aus dem Engleschen a beschreift eng Persoun, déi Flirtfäegkeete besëtzt a charmant wierkt |
| op ee crushen | fir eng Persoun schwärmen/an eng Persoun verléift sinn |
| snap | Snapchat (oder: Snaps schécken: Fotoen/Videoen op Snapchat schécken) |
| crush | eng Persoun, fir déi ee schwäermt oder an déi ee verléift ass, och als Verb gebraucht: op ee crushen |
| lemme be delulu | steet fir let me be delusional, kënnt aus dem Engleschen a bedeit looss mech dreemen, well ee sech eppes wënscht, dat net an der Realitéit geschéie wäert |
| wllh | steet fir wallah,kënnt aus dem Arabeschen a bedeit ech schwieren |
| cute | léif, süüss |
| ec | steet fir en couple, kënnt aus dem Franséischen a bedeit, dass eng Persoun verginn ass |
| Single forever | fir ëmmer Single |
| trusten | Bedeitung: vertrauen dëst Verb ass eng Zesummesetzung aus dem englesche Verb to trust an der lëtzebuergescher Endung -en vun der 1. Persoun Singulier |