Aldin: Brt, wtl

Nico: R abd

Aldin: dass mega lw

Aldin: Sollema haut eppes maachen, wannsde wells?

Nico: Ia vazyy sinn cho

Aldin: sollema blv goen an ef mei speit eppes iessen oder seu

Nico: sub?

Aldin: ia sub ass baba

Nico: ez, wenn kennt alles?

Aldin: Ech du marko sein bruder an nach 2 anerer

Nico: Ezz

Nico: Weu treffen mir eis?

Aldin: Treffe mer eis Gare?

Nico: Ok um wv Auer?

Aldin: um 14:20?

Nico: 14:15 waer vllt besser fier den Zuch secher ze kreien

Nico: Krissde den zuch um 15

Aldin: yesss, lets go

Aldin: maan mech vf ready da kmmn ech

Nico: ez

Nico: trains suck Sunday

Nico: den Zuch huet eng technech panne, sollen mer Bus huelen?

Aldin: pa nista, brauch zwar mei laang mais vsy

Nico: ma ass deck relax, kenne mei laang schwetzen

Nico: muss der och dono eppes zielen

Aldin: freen mech den gossip ze héieren🤣

Nico: ma ma

Nico: schreiw mer wanns de prett bass, da ginn ech aus dem Haus

Aldin: ech sinn prett

Nico: ok, mir gesinn eis busarret

Nico: g, wbd den bus kennt gleich

Aldin: Att kmmn direkt 

Nico: Fais vite😭

Aldin: G wei soll ech schnell machen😭😭😭

Aldin: Treppelen elo

Nico: laaaaaaaf

Nico: den bus wuart net

Aldin: Tkt

Aldin: Sinn direkt do

Erklärungen zu Chat: Treffen

Wierder/PhrasenBedeitung
Brtsteet fir brate a kënnt aus dem Bosneschen, Kroateschen, Montenegrineschen, Serbeschen (kuerz: B/K/M/S) a bedeit Brudder
WtlWat leeft
Rrien
abda bei dir
lwlangweileg
Sollema, wannsde, krissdeVerschmelzung vun „solle mir“, „wanns de“, „kriss de“
Iajo
Vazyy/vsy steet fir vas-y a kënnt aus dem Franséischen, och realiséiert als vasy, vzy
chosteet fir chaud,kënnt aus dem Franséischen an huet hei d’Bedeitung: op eppes Loscht hunn
blvsteet fir den Uertsnumm Belval
efeinfach
subSubway
babagutt
Ez/ezzsteet fir easy a bedeit ok, passt, och realiséiert als ezz(zzz), ezy
wvwéi vill
Let’s goAllez hëpp
vfvite fait
kmmnkommen
pa ništasteet fir ma näischt/jo, okay a kënnt aus dem Bosneschen, Kroateschen, Montenegrineschen, Serbeschen (kuerz: B/K/M/S)
gossipKlaatsch an Traatsch
ma (ma)gëtt am Sënn vun „dat ech hunn ech jo gemengt/gesot“ gebraucht
ggars
wbdWou bass du?
attattend 
tkt(ne) t’inquiètes (pas), och realiséiert als tqt