Leon: Les gars
Leon: huet qqn zeit fier haut no escola un der präsentatioun ze schaffen?
Leon: wier gutt fir scho bessi mat der präsi unzefänken
Mia: Jo 🙂
Ermin: hunn trai9
Valérie: kann och net
Leon: dann muar?
Mia: 👍
Ermin: yes
Valérie: jop
Ermin: Iwwert wat präsenteiren mer iwwerhaapt??
Leon: Portugal🇵🇹
Ermin: Umaa fou
Leon: hunn schon ugefaangen, schecken iech d’Powerpoint Präsi
Leon: Ass dat gut?
Mia: gin kkn, een moment
Mia: Jo, et ass gutt
Mia: denkt drun keng ganz Sätz ze schreiwen, mais Stechwieder
Leon: Ok, merci ! Kann een jo ganz schnell änneren. Geht super schnell. Kann ech maan
Mia: Ok 👍
Ermin: wann ech casa sinn, fänken ech un
Leon: Lg main internet ass ofgekackt
Leon: Maachen muar wieder
Ermin: tqt
Valérie: hunn grd sliden zu Iessen an berühmt Perseinlechkeet dobäigema
Ermin: kucken muer sorry, mee ginn lo pennen
Mia: ok, gn
Valérie: nuecht, mee muer mussen mer fäerdeg ginn
Leon: jo safe
Ermin: kb
Valérie: maan mer nach een Inhaltsverzeichnis an der Präsentatioun
Mia: jo, maan dat elo
Valérie: merciii 😊
Mia: hu mer alles?
Leon: endlech finitoooo, schecken dem proff lo
Ermin: siuuuu
Leon: Sollen mär nach kucken wei laang d’Präsentatioun dauert?
Ermin: mir hunn 20 slides, digga jiddereen mescht 5 slides a max. 5min schwetzen
Mia: jo, dat passt! Kann ech ufänken?
Valérie: yesss, ech dono pls
Ermin: ech als 3. 😌
Leon: ok, ech zum Schluss dann
Ermin: siuuu
Leon: ez
Erklärungen zu Chat: Schoul
| Wierder/Phrasen | Bedeitung |
| Les gars | Leit/Jongen |
| qqn | quelqu‘un |
| escola | steet fir Schoul a kënnt aus dem Portugiseschen |
| präsi | Präsentatioun |
| trai9 | Training |
| uma | Steigerungspartikel: mega, déck |
| fou | gäil |
| casa | steet fir doheem a kënnt aus dem Portugiseschen |
| Lg | les gars |
| tqt | (ne) t’inquiètes (pas), och realiséiert als tkt |
| sliden | Säiten an enger Powerpoint, gëtt och mat der s-Endung realiséiert: slides |
| gn | gutt Nuecht/good night |
| safe | sécher |
| kb | Kee Bock |
| finito | fäerdeg |
| siu(uuu) | jubelen (wéi de Ronaldo jubelt) |
| digga | Uried fir e Kolleeg/Frënd, och realiséiert als diggah |
| pls | please |
| ez | steet fir easy a bedeit ok, passt, och realiséiert als ezz(zzz), ezy |