Hei fannt dir e Formulaire deen iech hëlleft äre Demanden un de Service communication besser ze strukturéieren. Nëmme wann dir dëse präzis a verständlech ausfëllt, kënne mir iech och beschtméiglech bei ärem Projet ënnerstëtzen. Sollt dir keng Äntwerten ob déi gestalte Froen hunn, kann dat een Indice sinn datt de Projet nach net ausgeräift genuch ass an dir nach eng Kéier musst zesummen iwwerleeën wat dir iwwerhaapt braucht a wëllt.