De Centre Roger Thelen bitt Persoune mat Autismus en Ëmfeld, wou si an diversen Atelieren, schaffe kënnen. Desweidere ginn si psychosozial betreit.

Opgrond vun der Demande vun Agenten vum Service volontaire, déi mol jonk Leit mat Autismus betreien, sech méi mam Thema Autismus auserneen ze setzen, bitt de Centre Roger Thelen eis un, fir de 06.02.23 bei si ze kommen, wou mir en Austausch/Input mat a vun hinne kréien.

Ënner anerem geet et drëm, en Abléck an déi divers Spektre vum Autismus ze kréien; den Ënnerscheed vu betraffene Fraen a Männer; Wéien tëschemënschlechen Ëmgang + Aarbechtsëmfeld fir betraffe Persounen a virun allem Froen an eventuell Fallbeispiller vun eis.

Dobäi bidden si eis nom Mëttesiessen eng Visite vun hiren Atelieren un.

 



 

Aucun champ trouvé.