An der neier Jugendstrategie soll e staarken Akzent op d’Mesuren am Secteur geluecht ginn. Fir d’Entwécklung vun de Mesurën, ass den Input vum Secteur duerfir zentral.

An enger éischter Konsultatiouns-Phas iwwer e Questionnaire hu mir scho vill wäertvollen Input zu de Mesurë vum Jugendpakt gesammelt. Op dëser Basis wëlle mir elo an enger zweeter Phas zesumme mat Iech d’Ëmsetzbarkeet vun de geplangte Mesuren am Kader vu Workshops diskutéieren a weider konkretiséieren.

Eng breet Participatioun ass dobäi besonnesch wichteg, fir praktesch an effikass Usätz ze entwéckelen. Dës Workshops riichte sech un dat edukatiivt Personal, d’Gestionnairen vu Jugendhaiser, Jugendservicer a Jugendorganisatiounen wéi och un d’Gemengeservicer oder -kommissiounen, déi am Beräich Jugend aktiv sinn.

Wéini:

Dënschdeg, de 16. Juni 2026,
vu 9:00 bis 12:00 Auer oder vu 15:00 bis 18:00 Auer

Wou:

„Haus 4850“,
48–50, rue Charles Martel, L-2134 Luxembourg-Merl
Service national de la jeunesse

Oflaf:

08:30 – 09:00 Auer (14:30 – 15:00 Auer) Arrivée vun de Participanten
09:00 – 09:10 Auer (15:00 – 15:10 Auer) Begréissung
09:10 – 10:00 Auer (15:10 – 16:00 Auer) Virstellung vum Jugendpakt
10:00 – 11:00 Auer (16:00 – 17:00 Auer) Diskussioun an den Aarbechtsgruppen
11:00 – 11:15 Auer (17:00 – 17:15 Auer) Kaffispaus
11:15 – 11:45 Auer (17:15 – 17:45 Auer) Diskussioun am Plenum
11:45 – 12:00 Auer (17:45 – 18:00 Auer) Schlusswuert

Oflaf vun den Aarbechtsgruppen:

Grupp 1 : Mesurën matt de Jugendheiser
Grupp 2 : Mesurën matt de Jugendservicer & Benevolat
Grupp 3 : Mesurën matt de Gemengen

 

Mellt iech w.e.g. bis spéitstens Freideg, de 05. Juni 2026 un.