Merci fir Ären Interessi un der Aktivitéit „Kannerrechter entdecken“.
Leider si schonn all d’Plaze fir déi mobil Offer an de Schoule vum 16. bis de 27. November 2026 am Kader vum Internationale Kannerrechtsdag beluecht.
Gäre kënnt Dir awer zu engem méi spéiden Zäitpunkt d’Aktivitéit “Kannerrechter entdecken” bei eis am Centre Cinqfontaines buchen: https://erliewen.snj.lu/activity/decouverte-des-droits-de-lenfant/.
Optional biden mir Iech eng gratis Busnavette vun der Ëlwenter Gare bis op Cinqfontaines an zeréck un.
Fir Froen a weider Informatiounen:
Centre Cinqfontaines – Service national de la jeunesse
(+352) 247 95149 / cinqfontaines@snj.lu