Du bass tëschent 18 a 26 Joer al? Du hues eng Passioun fir Konscht?
Da mell dech fir d’Summeracademy – vivID visions un!


Datum: 02. September bis 06. September 2024. Eis Expo fënnt de 06. September 2024 ab 17 Auer zu Cinqfontaines statt.

Treffpunkt: Méindes 02. September 2024 um 9 Auer zu Cinqfontaines

Adress: 2, Klousterstrooss L-9902 Cinqfontaines

Wärend 5 Deeg gëss du vun engem professionelle Kënschtler begleet fir deng Ideeën ëmzesetzen an e ganze Raum ze gestalten. Du kanns wielen, ob s du am Beräich Medien, Urban Arts oder Fotografie schaffs. Däi Liewenswee, deng Erfarungen an d’beweegend Geschicht vu Cinqfontaines benotze mir als Grondlag (www.cinqfontaines.lu).


Um Schluss vun der Summeracademy organiséiere mir eng Expo, bei däers du däi Raum weise kanns.


Nieft de kënschtleresche Workshops kanns du un engem flotte Programm deelhuelen.

  • 02.09.2024
    • Moies – Workshop iwwer (meng) Biographie & Konscht an Konschtworkshop 1
    • Mëttes – Konschtworkshop 2 an Debriefing
  • 03.09.2024
    • Moies – Workshop iwwer Biographie an Cinqfontaines an drëtten Konschtworkshop
    • Mëttes – Konschtworkshop 4 an Debriefing
  • 04.09.2024
    • Moies – Visitt vun « The Family of Man » an Scénographie Workshop
    • Mëttes – Konschtworkshop 5
  • 05.09.2024
    • Moies – Workshop 6 an Workshop 7
    • Mëttes – Workshop 8, Debriefing an Ofschlossiessen
  • 06.09.2024
    • Moies – Konschtworkshop 9
    • Mëttes – Konschtworkshop 10 an Preparatioun vun der Expo
    • Owes – Expo an Ofschlossfeier

Du kënns mam ëffentlechen Transport? Kee Problem, mir këmmeren eis ëm den Trajet vun der Gare vun Ëlwen op Cinqfontaines oder vu Wäicherdang op Cinqfontaines. Du kanns nämlech zu Wäicherdang iwwernuechten. Dëst ass fakultativ.


Participatioun (inkl . Mëttegiessen an 2 Owesiessen): 219 €

Fakultativ: mat Iwwernuechtung 267 €


Deng Umeldung ass eréischt definitiv wa bezuelt ass. Den Delai ass de 05. August 2024.


Als Beneficiaire de l’allocation de vie chère oder als Demandeur de protection internationale (DPI) kanns du eng Reduktioun vun der Participatioun kréien. Kräiz dëst beim Formulaire un. Detailer kommen no.

D’Summeracademy 2024 ass ofgesot.