De 27. Oktober 2026 stelle mir am Haus 4850 déi nei Richtlinne fir de Jugendsecteur vir.
D’Richtlinne fir de Jugendsecteur riichten sech u Gestionnairen a Jugendaarbechter, déi an Jugendorganisatiounen a -servicer aktiv sinn, a bidden e verbindleche Kader fir d’Aarbecht mat de Jonken. Si beschreiwen d’Orientéierung, d’Prinzippien an d’Aarbechtsberäicher vun der Jugendaarbecht a sollen zu engem gemeinsame Verständnis an enger kohärenter Weiderentwécklung vum Jugendsecteur zu Lëtzebuerg bäidroen.
Bei dëser Presentatioun gi mir Iech en Iwwerbléck iwwer déi zentral Inhalter vun de Richtlinnen a bidden och Raum fir Froen an Austausch.
Wéini:
Dënschdeg, den 27. Oktober 2026,
vun 10.00 bis 12.30 Auer
Wou:
Haus 4850
48–50, rue Charles Martel
L-2134 Luxembourg-Merl
Service national de la jeunesse
Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens Dënschdeg, den 20. Oktober 2026 un.
________________________________________________________