Mat dem Jugendpakt 2026–2030 setzt d’Jugendpolitik zu Lëtzebuerg fir déi nächst Jore kloer Prioritéiten. Ënnert dem Motto „De Jonken eng gutt Zäit erméiglechen“ sollen déi Jonk déi Zäit kréien, déi si brauchen, fir Bezéiungen opzebauen, Erfarungen ze sammelen, sech ze engagéieren, Orientéierung ze fannen an hiren eegene Wee ze goen.
D’Richtlinne fir de Jugendsecteur riichten sech dobäi u Professioneller an Organisatiounen, déi am Jugendsecteur aktiv sinn, a bidden hinnen e gemeinsame a verbindleche Kader fir hir Aarbecht.
Nieft der Presentatioun vun dësen zwou Publikatioune wëlle mir zesumme mat Jonken an Acteuren aus dem Jugendsecteur souwéi aus de Gemengen doriwwer diskutéieren, wat eng gutt Zäit fir Jonker haut bedeit a wéi mir déi néideg Konditiounen dofir schafe kënnen.
Wéini? 21. Oktober 2026 vu 17.30 bis 19.00 Auer
Wou? den Atelier 54, rue de Hollerich, L-1740 Luxembourg
Programm: Accueil ab 17.00 Auer
- Usprooch Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend
- Presentatioun vum Jugendpakt 2026–2030
- Presentatioun vun de Richtlinne fir de Jugendsecteur
- Table ronde: Wat bedeit eng gutt Zäit fir Jonker? Mat Jonken a Vertrieder aus Gemengen, Jugendservicer a Jugendorganisatiounen
Nom offizielle Programm invitéiere mir Iech op e Patt an en informellen Austausch.
Mellt iech wgl. bis Mëttwoch, de 14. Oktober 2026 un.
________________________________________________________