Den 19. September ass den On Stéitsch a bis dohi stinn nach e puer Wochen un, wou mir an déi Jonk mat deenen mir schaffen, doheem bleiwe mussen. Eng Méiglechkeet, wéi si d’Zäit kreativ notze kënnen an dobäi am Kontakt mat Anere bleiwen, ass si ze motivéieren, beim #onsteitschdoheem matzemaachen.

Mir proposéieren de Jonken dräi Méiglechkeeten, fir matzemaachen:

  • PROUF DOHEEM !

Um On Stéitsch kënnen eenzel Artisten oder Gruppen op enger vun eise Büne live optrieden. Jonker kënnen elo schonn hiren Optrëtt, eleng, oder besser nach iwwer eng Videoplattform mat anere Frënn a Frëndinne virbereeden an iwwer social media deelen.

Méiglech sinn Optrëtter an de Beräicher Danz, Gesang, Zirkus, Stand-up Comedy, Poetryslam, Rap, Freestyle-Sport,…

  • KREATIV DOHEEM !

Mir wäerten am September eng Ausstellung mat Biller a Fotographien am Kader vum On Stéitsch maachen. Eng zweet Méiglechkeet, fir matzemaachen, ass also, elo un engem Konschtwierk ze schaffen.

  • MEMES DOHEEM !

Eng weider Méiglechkeet fir matzemaachen ass eege Memes ze entwéckelen. Mir sichen dee coolsten „Ouschtermeme a Coronazäiten“. Déi flottst Memes ginn ausgeprint an am September ausgestallt.

Fir matzemaachen, zielt :

  • eng Story op Instagram oder Facebook posten
  • mam Tag @onsteitsch a mam Hashtag #onsteitschdoheem
  • Profil ëffentlech schalten

D‘Aktioun #onsteitschdoheem leeft vum 6. bis den 19. Abrëll.

Informatiounen a Posts: www.facebook.com/onsteitsch an www.instagram.com/onsteitsch

D’Umeldung fir de Festival am September ass weiderhin iwwer www.onsteitsch.lu méiglech !