De Service national de la jeunesse invitéiert Iech ganz häerzlech op den NaTOURerliefnisdag, de 15. Juni vun 10h00 – 17h00 zu Huelmes.

Programm

Och dëst Joer hu mir nees e gutt gefëllte Programm mat verschiddene Workshops an engem flotten Tour mat ofwiesslungsräiche Statiounen:

10h00 – 17h00

Gitt e flotten Tour duerch a ronderëm Huelmes an entdeckt déi villfälteg Natur. En Erliefnis fir Grouss a Kleng.

10h00

Tata Margréitchen erzielt beim Beienhaus Geschichte fir déi ganz Famill.

10h30 – 11h30

Jeeweils ee Workshop “Feier” an ee Workshop “Schnëtzen”. Ugebuede vun der Wildnis asbl fir Kanner ab dem Cycle 3, Jonker an Erwuessener.

13h00 – 14h00

Jeeweils ee Workshop “Feier” an ee Workshop “Schnëtzen” Ugebuede vun der Wildnis asbl fir Kanner ab dem Cycle 3, Jonker an Erwuessener.

Ab 15h00

De Grénge Mann, de Wiechter vun der Natur, start um 15h00 säin Tour duerch de Bësch. Den Treffpunkt ass beim Beienhaus.

GREEN EVENT

Dëst ass een nohaltegt Event mam Label « Green Events »:

  • Mir encouragéiere jidderee fir mam ëffentlechen Transport op Huelmes ze kommen. Vun der Mierscher Gare aus fueren d’Buslinen 932 an 931 direkt op d’Plaz.
  • Notzt eis Gratis Navette (cf. Punkt Accessibilitéit)
  • All eis Produite kommen aus regionaler Bio-Produktioun a mir bidden och vegan a vegetaresch Iessensoptiounen un (cf. Punkt Catering).

Accessibilitéit

D’Parkméiglechkeeten am Duerf si begrenzt an dofir hu mir eng GRATIS NAVETTE en place gesat. Se fiert a reegelméissegen Ofstänn vun 9h45 – 17h30 follgend Statiounen un:

Hollenfels

“Hollenfels, Schoul”

Centre SNJ

Etangs de la Kalbach

“Hollenfels, Kuelbecherhaff”

Statioun 9

Ansembourg

Parking du Château d’Ansembourg

Catering

De ganzen Dag iwwer beim SNJ Zenter Huelmes (1, rue de Tuntange / Al Schoul Huelmes).

Kontakt

Sollt dir nach Froen hunn dann zéckt net eis per Mail (hollenfels@snj.lu) oder Telefon (247-86432) ze kontaktéieren.