De Service national de la jeunesse invitéiert Iech ganz häerzlech op den NaTOURerliefnisdag, de 14. Juni 2026 vun 10h00 – 17h00 zu Huelmes.
Programm
Freed iech op e gutt gefëllte Programm mat flotte Workshops a Statioune ronderëm Huelmes. Ënnert anerem erwaarden iech: am Weier dëmpelen, Waasserrad bauen, Seel bannen oder Feier maachen.
Egal ob Grouss oder Kleng – hei gëtt et vill ze erliewen!
10h00 – 17h00
Huelt u verschiddenen interaktive Statiounen deel, ënnert anerem zu den Theme Beien, Waasser a Bësch.
10h00
Den Prof. Aqua-Wass proposéiert eng spannend Waasser-Show bei der Quellfaassung.
11h00 – 13h00
Besichtegung vun der Quellfaaassung. Hei kritt dir en exklusiven Abléck an d’Gewënnung vun eisem Drénkwaasser.
13h00 – 14h00
Ee Workshop “Feier”. Ugebuede vun der Wildnis asbl. fir Kanner ab 6 Joer, Jonker an Erwuessener.
14h00 – 15h00
Ee Workshop “Schnëtzen”. Ugebuede vun der Wildnis asbl. fir Kanner ab 6 Joer, Jonker an Erwuessener.
GREEN EVENT
Dëst ass een nohaltegt Event mam Label « Green Events »:
- Mir encouragéiere jidderee fir mam ëffentlechen Transport op Huelmes ze kommen. Vun der Mierscher Gare aus fueren d’Buslinen 932 an 931 direkt op Huelmes (Arrêt Schoul). Informatiounen iwwer mobiliteit.lu
- Notzt eis Gratis Navette (cf. Punkt Accessibilitéit)
- All eis Produite kommen aus regionaler Bio-Produktioun a mir bidden och vegan a vegetaresch Iessensoptiounen un (cf. Punkt Catering)
Accessibilitéit
D’Parkméiglechkeeten am Duerf si begrenzt an dofir hu mir eng GRATIS NAVETTE en place gesat. Se fiert a reegelméissegen Ofstänn vun 9h45 – 17h30 follgend Statiounen un:
- Hollenfels – “Hollenfels, Schoul » – Centre SNJ
- Etangs de la Kalbach – “Hollenfels, Kuelbecherhaff”- Statioun 9
- Ansembourg – Parking du Château d’Ansembourg
Catering
De ganzen Dag iwwer beim SNJ Zenter Huelmes (1, rue de Tuntange / Al Schoul Huelmes).
Kontakt
Sollt dir nach Froen hunn dann zéckt net eis per Mail (hollenfels@snj.lu) oder Telefon (247-86432) ze kontaktéieren.