No enger erfollegräicher Kollaboratioun 2024, freeën sech Respect.lu an de Centre Cinqfontaines och an dësem Joer pedagogesch Filmscreenings vum Film “D’Land am Schiet”, vum lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis, unzebidden.

De Film handelt vun engem klenge lëtzebuergeschen Duerf, an deem d’Besëtzerin vum Duerfcafé mat hirem neie Partner e Kulturzentrum fir Refugiéë wëll opbauen. Wéi dunn enges Daags d’Maskottche vum Duerf, de wëllen Hond, dout opfonnt gëtt, spléckt dëst dat ganzt Duerf an de Buergermeeschter leet Friemefeindlechkeet un den Dag.

Virun allem d’Theme vun der Radikaliséierung, Polariséierung a Stereotyppe stinn am Film am Vierdergrond an e weist wéi eng Ausmoosse Gruppendynamik unhuele kann.

An de pedagogesche Filmscreenings gëtt als éischt de Film gewisen an duerno hunn d’Schüler an d’Schülerinnen d’Geleeënheet mat Experten vu Respect.lu an dem Centre Cinqfontaines iwwert dës Themen ze diskutéieren.

De Film gëtt op fënnef Plaze fir Schoulklassen ab 5ième gewisen. Schreift Iech w.e.g. nëmmen an eng vun de follgende Seancen an:

  • D’UMELDUNGSFRIST ass ofgelaf!

De Film ass op Lëtzebuergesch mat engleschen Ënnertitelen.

Pro Screening ginn et nëmme begrenzt Plazen.

Bei Froe kënnt Dir Iech u cinqfontaines@snj.lu wenden.