De Fuerschungsprojet zur digitaler Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg gouf am Oktober 2022 lancéiert, fir de Sproochgebrauch vun deene Jonken aus enger linguistischer Perspektiv ze analyséieren. De Fuerschungsberäich vun der Lëtzebuerger Linguistik interesséiert sech extreem dofir, wéi déi Jonk haut mateneen an den digitale Medie kommunizéieren. Bei Workshops an de Lycéeën hunn d‘Schüler*innen am Alter vun 12 bis 19 Joer hir Chats vu Snapchat, Instagram, WhatsApp, iMessage an Teams fir meng Fuerschung zur Verfügung gestallt.
Fir dës Ausstellung goufen dës Chats mat kreative Pheenomener, déi tatsächlech an de Jugendchats virkommen, zesummegesat, fir den aktuelle Sproochgebrauch vun de Jugendlechen an den digitale Medien duerzestellen. Se goufen anonymiséiert an net verbessert, dofir fanne sech an dëse kuerzen Ausschnëtter lauter kreativ an innovativ Schreifweisen, déi villäicht am ganze Korpus vereenzelt virkommen, fir sou vill wéi méiglech interessant Aspekter op enger begrenzter Plaz ze weisen.
Interessant linguistesch Pheenomeener erkennt een op verschiddenen Niveauen (ë. a. Wierder, Sazzeechen, Sazbau, Elementer aus frieme Sproochen, Emojis).
An der Chat-Kommunikatioun tëschent de Jugendleche gi gär Prepositiounen (Treffe mer eis Gare?), Artikelen (Schéck mer Foto) a Vokaler matzen am Wuert (mrc amplaz vu merci) ewechgelooss. Dofir fanne sech an den Chat-Ausschnëtter eng Hellewull verkierzt Sätz an och Ofkierzungen (dml fir deet mir leed), déi eng kuerz a schnell Kommunikatioun erméiglechen.
Opfälleg ass och, wéi déi Jonk mat de verschiddene Sproochen ëmginn, déi si beherrschen. Et gëtt net nëmmen op Lëtzebuergesch geschriwwen, mee aner Sproochen ewéi Englesch, Franséisch, Däitsch, Portugisesch, Italieenesch an anerer fanne sech an der Chatsammlung, de sougenannte Korpus, erëm. Sou entsti Sätz ewéi: „Wann ech casa sinn, fänken ech un“ (casa kënnt aus dem Portugiseschen a bedeit Doheem). Dës immens komplex Sproochmëschungssituatioun erwaart eng Liesfäegkeet a méi Sproochen, wat fir déi Jonk awer zu kenge Verständnesproblemer ze féiere schéngt.
Heimat konnt gewise ginn, wéi villfälteg d’Kommunikatioun ënnert de Jonken ass an dass d’Wëssenschaft sech aus guddem Grond domat beschäftegt.
Dëse Fuerschungsprojet gëtt vun der Universitéit Lëtzebuerg a vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ënnerstëtzt. Bei Interessi oder Froe kënnt Dir d’Fuerscherin ënnert dëser E-Mail-Adress kontaktéieren: melissa.mujkic@uni.lu