Mir haten de 14 Juli eng Konferenz zum Thema Jugendaarbecht wärend der Coronazäit mat verschiddene Jugendorganisatiounen an national Acteuren aus dem Beräich Jeunesse.
Mir hunn déi Haaptaussoen aus den Aarbechtsgruppe versicht zesummenzefaasse fir eng kloer Sicht iwwert d’Erwaardungen an d’Besoin’en ze kréien:

 

  • Reell bleift ëmmer besser wéi digital.
    Digital Kommunikatioun wäert ni d’sozial Kontakter kënnen ersetzen.
    Digital Saturatioun bei de Jonken an den Educateuren/tricen.

→ Wichtegkeet vun de sozialen Interaktiounen fir déi Jonk vun der digitaler Generatioun

  • Déi Jonk brauchen eng Plaz fir sech.
    Si brauchen eng Plaz wou si ausserhalb der Famill an der Schoul kënnen sech selwer sinn, wou se kënnen iwwert hir Ängschte schwätzen a Froe stellen.
    Néi Rolle vum Educateur/ vun der Educatrice deen elo och politesch Froe gestallt kritt.
    Pressekonferenze si wärend der Kriss oft thematiséiert ginn.

→ Jonk goufen an der Kris nëmmen nach an hirer Roll als Schüler gesinn  (JoCo Studie, Deutschland)

  • Et ass net wëll se jonk sinn dass se all eng Tablette an e Smartphone hunn.
    Net all déi Jonk si selwecht equipéiert. (Laptop, eegent Zëmmer, WLAN, Zoom…)

→ Diskriminatioun vu Jonken ouni Moyennen

  • Formatioune fir déi digital Tools sinn noutwenneg.
    D‘Jugendhaiser wëlle forméiert gi fir de Jugendleche besser kënnen ze hëllefen.
    Wat gëtt et vun Tools? Wéi ginn se benotzt? Wéini ass et ze vill?

→ noutwenneg fir diversifizéiert an effikass schaffen ze kënnen

→ Chance d’Welt vun de Jonke kennen ze léieren

  • Fir eng digital Grondausstattung vun de Jugendhaiser misst gesuergt ginn.
    Firwat konnten d’Jugendhaiser keen Accès op Teams kréien ?
    Schoul huet sech vill entwéckelt. Jugendhaiser missten sech un deenen Ännerungen upasse kënnen.

→ Hëlleft méi enk mat de Schoulen zesummen ze schaffen

→ Gemeinsam Aktivitéiten a Projeten tëscht Jugendhaiser (Teams als gemeinsam Plattform)

  • Unerkennung vun der Jugendaarbecht.
    Et ass vill vun de Crèchen an de Maisons Relaise geschwat ginn.
    D’Educateuren/tricen hu missen aushëllefen. D‘Wichtegkeet vun der Jugendaarbecht ass vergiess ginn.
  • Zesummenaarbecht tësche den Jugendhaiser soll op all Niveau ënnerstëtzt ginn.
    Z.B. tëscht verschidden Träger.