
De Kaffi am Mierscher Theater fënnt Dënschdes, den 18. Mäerz 2025 vun 9h00 bis 12h15 am Mierscher Theater (53, Rue Grande-Duchesse Charlotte L-7520 Mersch) statt.
Den Accueil ass ab 9h00, wou bis 9h30 d’Ausstellung « Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur » fräi besicht ka ginn. Detailer zum Programm ginn no der definitiver Bestätegung kommunizéiert.
D’Aschreiwung ass elo zou.
Bei Froen zur Aschreiwung kënnt dir iech bei secretariat@snj.lu a bei all aner Fro bei manon.assa@snj.lu an andreas.vuori@snj.lu mellen.
Wichteg Informatiounen zum Event:
- Den Event ass op insgesamt 50 Persoune begrenzt (max. 2 Leit pro Struktur/Service)
- D’Aschreiwung ass individuell. Mellt all Participant.e separat un w.e.g.
- D’Participatioun un dësem Event ass gratis
Ausstellung:
D’Ausstellung « Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur » leeft vum 24.02.25 – 14.07.25 am Mierscher Theater.
Fir méi Informatiounen: https://www.snj.public.lu/event/jonk-sinn-momenter-vu-jugendkultur/