Du bass tëschent 15 an 18 Joer al a wëlls aner Jonker aus Europa kenne léieren?
Vum 4. bis den 9. Mee 2027 verbrénge Jonker aus Lëtzebuerg, Däitschland a Polen eng gemeinsam Woch am Norde vu Lëtzebuerg. Mir wunnen zesummen an engem Chalet, léieren eis kennen a verbréngen eng spannend Woch mat interaktiven a kreative Workshoppen, gemeinsamen Aktivitéiten a Visitten, ënner anerem am Centre Cinqfontaines a bei der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg. Du kanns däin Deel dozou bäidroen, deng Iddien abréngen an d’Woch aktiv matgestalten. Wat bedeiten Europa, Demokratie a Mënscherechter haut fir eis? A wat hu si mat eisem Alldag ze dinn?
Fir d’Austauschwoch zesummen ze plangen, sinn ongeféier 3 Virbereedungstreffe tëscht Dezember 2026 a Mee 2027 virgesinn. D’Datë vun de Treffe decidéiere mir zesummen.
Organisatoresch Informatiounen:
📅 Austauschwoch: 4.–9. Mee 2027
📍 Centre Cinqfontaines
🌍 Mat Jonken aus: Lëtzebuerg, Däitschland a Polen
🏠 Iwwernuechtung: am Kader vum Projet
💬 Virbereedung: +/- 3 Treffen
Organiséiert vun:
Jugendbureau (COOPERATIONS Asbl)
Centre Cinqfontaines (Service national de la jeunesse)
Du hues Froen?
Mëll dech gäre bei eis:
cinqfontaines@snj.lu oder jugendbureau@cooperations.lu
(+352) 621 840 545 oder 352 959205 – 28
Den Delai fir d’Umeldung ass den 20. November 2026.
_______________________________________________________________________________________________________________