Jugendprojet EUROPAWEE

Du bass 15-18 Joer al? Du wëlls aner Jonker aus Europa kenneléieren an hinne Lëtzebuerg weisen?

Da mell dech fir de Jugendprojet Europawee un!

Vum 5. bis den 10. Mee 2026 fënnt d’Austauschwoch mat de Jonken aus Polen an Däitschland zu Lëtzebuerg (mat Iwwernuechtung) statt.

Zesumme mat anere Jonke vu Lëtzebuerg a mat eiser Ënnerstëtzung kanns du deng eegen Iddie fir déi Austauschwoch abréngen an de Programm matgestalten.
Dofir si 4 bis 6 Treffe vu November 2025 bis Mee 2026 virgesinn. Déi Date géife mir zesumme mat iech festleeën.

Ausgoend vun der Geschicht Cinqfontaines gi mir zesummen der Fro no, wat Europa, Demokratie a Mënscherechter haut fir eis bedeiten.

De Projet gëtt organiséiert vu:
Jugendbureau & COOPERATIONS Asbl
Centre Cinqfontaines & Service national de la jeunesse.

Du hues Froen?
Mëll dech gäre bei eis iwwer cinqfontaines@snj.lu  oder (+352) 247-95143.

Den Delai fir d’Umeldung ass den 17. November 2026.

_______________________________________________________________________________________________________________