Kommt de 17. Mee 2025 vu 14:00 bis 22:00 Auer laanscht fir de Jugendfestival « Mëttendran » am KIOPA Hesper Park!

Hei steet alles am Zeeche vun der Kreatioun, der Beweegung an der gudder Stëmmung!

Et erwaart iech e villsäitege Programm mat kreative Workshops, interaktive Stänn, spannende Beweegungsatelieren an engem ofwiesslungsräiche Musik-Programm op der Bün.

Organiséiert vun de Jugendhaiser aus Hesper, Schëtter, Rëmeleng, Monnerech a Réiden, zesumme mam Service national de la jeunesse (SNJ), bréngt dëse Festival Jonker aus verschiddene Regiounen zesummen.

Kommt mat äre Jonken laanscht a verbréngt e flotten Dag – mir freeën eis op Iech! 🎉

AuerzäitKënschtler
17:00 – 17:25Break The Aviary
17:35 – 18:00Destiny Flexboy
18:15 – 18:45Mellow
19:05 – 19:40Barkissa
19:55 – 20:55MAZ Universe
21:00 – 22:00Edy Horvay