📢 Du bass tëschent 18 a 26 Joer al an hues eng Passioun fir Konscht? 🎬🎨📷
Da mell dech fir d’Summeracademy – vivID visions un!
👉 www.snj.public.lu/summeracademy
Wärend 5 Deeg gëss du vun engem professionelle Kënschtler begleet fir deng Ideeën ëmzesetzen an e ganze Raum ze gestalten. Du kanns wielen, ob s du am Beräich Medien, Urban Arts oder Fotografie schaffs. Däi Liewenswee, deng Erfarungen an d’beweegend Geschicht vu Cinqfontaines benotze mir als Grondlag (www.cinqfontaines.lu).
Um Schluss vun der Summeracademy organiséiere mir eng Expo, bei däers du däi Raum weise kanns.
Nieft de kënschtleresche Workshops kanns du un engem flotte Programm deelhuelen (méi Detailer kriss de bei der Umeldung).