Du bass tëscht 18 an 30 Joer al a wëlls dir niewebäi eppes Klenges verdéngen? Du bass interesséiert op Eventer, Foiren, Konferenzen, Workshops auszehëllefen? Dann gëff Ambassadeur vum SNJ!
Wat muss du dofir maachen?
- Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schwätze kënnen
- Motivéiert, oppen a kontaktfreedeg sinn
- Un enger Basis-Formatioun deelhuelen
Hei kanns du dech fir déi nächst Basis-Formatioun den 04. Februar 2023 (09:30-13:00) am Forum Geesseknäppchen umellen: snj.public.lu/ambassadeur/
Deadline fir dech anzeschreiwen ass den 01.02.2023.