An der Allerhellegen-Vakanz ass et nees Zäit fir deen nächsten ArtBreak.🤩 Dës Kéier mam @yourboyfromhome deen dir eng Aféierung an de Linocut gëtt 🔪🛠️, eng Technik mat där ee super flott Motiver selwer ka gestalten. Dono kann een déi och nach op Stoff oder Pabéier drécken. 🖨️🖼️Wann s du also tëscht dem 3. a 5. November nach näischt vir hues da mell dech séier fir dës cool Editioun un.✍️
Infos an Umeldung:
🔗LINK