De Weekend war d’Equipe ronderëm de « BookAthon » op der BD Contern vertrueden🤩
Hei konnten déi Jonk vun der éischter « BookAthon » Editioun hir Bicher virstellen an sech mam Publik iwwert hir Erfarung austauschen – et gouf och fläisseg Reklamm gemaach fir déi zweet « BookAthon » Editioun😃
An deem Kader gouf och den neie Projet « Bubble-Mat » presentéiert, wou 10 jonk Talenter gesicht ginn déi eng Passioun fir Comics hunn a gäre wëllen een Comicbuch produzéiers – Ënnerstëtzung gëtt et derbäi vum Comiczeechner Andy Genen😃
👉 Bass du kreativ a prett fir en neien Challenge? Méi Informatiounen an Aschreiwung fir déi 2 flott Projeten fënns du hei: https://bookathon.lu/