Léif Partner,

Mir freeën eis, Iech fir d’Filmsessioun vum Film “D’Land am Schiet” vum lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis am Ciné Orion zu Ëlwen ze invitéieren.

De Film handelt vun engem klenge lëtzebuergeschen Duerf an deem d’Besëtzerin vum Duerfcafé mat hirem neie Partner e Kulturzentrum fir Refugiéen opbaue wëll. Wéi dunn enges Daags d’Maskottche vum Duerf, de wëllen Hond, dout fonnt gëtt, spléckt dëst dat ganzt Duerf an de Buergermeeschter leet Friemefeindlechkeet un den Dag (https://www.luxfilmfest.lu/de/filme/the-land-in-the-shadows-dland-am-schiet/#reviews-rewards).

Virun allem d’Theme vun der Radikaliséierung, Polariséierung a Stereotyppe stinn am Film am Vierdergrond an e weist, wéi eng Ausmoossen eng destruktiv Gruppendynamik unhuele kann.

Rendez-Vous fir d’Filmsessioun ass den 13.12.2024 am Ciné Orion zu Ëlwen um 13h30, um 14h geet de Film lass.

Nom Film invitéiere mir Iech nach op e gemittlecht Beisammensein fir d’Joer 2024 auskléngen ze loossen.

Mellt Iech w.e.g. bis den 09. Dezember 2024 un.

Bei Froe kënnt Dir Iech u cinqfontaines@snj.lu wenden.

Mir freeën eis Iech den 13.12.2024 zu Ëlwen ze gesinn.


Aucun champ trouvé.