Am Kontext vun der Ausstellung « Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur » vu Februar bis Mee 2025 am Mierscher Theater brauche mir är Hëllef.
Jugend ass Léift
Mat der Jugend verbënnt ee grouss Emotiounen. Wat sinn är Erënnerungen un är Jugendléift ? Wéi war (ass) et fir iech, fir zu Lëtzebuerg verléift ze sinn? Ganz egal ob vun haut oder vu fréier, schéckt eis är Erënnerungen eran.
Jugend ass Rebellioun
Wat hutt dir als Jonke fir eng besser Gesellschaft gemaach ? Wat wollt dir veränneren a wéi hutt dir dës Zäit erlieft? Wann dir lo grad Jonk sidd, wat wëllt dir un eiser Gesellschaft veränneren ? Ganz egal, ob haut, oder viru 50 Joer: Firwat sidd dir op d’Strooss gaang? Firwat hutt dir iech agesat ?
Jugend ass Autoportrait / Selfie
Hutt dir en Autoportrait vun iech als Jonke vu fréier? Oder schéckt eis e Selfie vun iech haut als jonke Mënsch zu Lëtzebuerg! Wéi gesitt dir an ärem Alldag aus? Maacht e Selfie!
Am Kontext vun dëser Ausstellung siche mir Erënnerungen aus ärer Jugend.
Thema : Jugendléift, Rebellioun an Autoportrait/Selfie.
Mir sammelen Fotoen, Audiofichieren, Videoen oder Geschichten (Bréiwer oder E-Mail) an all aner Dokumenter oder Souveniren (Protokoller, Stickere, Pins, Kleeder, etc.), déi dir matt ärer Jugend verbannt.
Mellt iech iwwer jugendkultur@snj.lu.
Wann et Dokumenter sinn, déi dir per Post schécke wëllt, schreift eis eng Mail a mir erklären iech d’Prozedur fir dass d’Material bei eis ukënnt.