
Léif Acteuren aus dem Jugendsecteur,
De Kaffi am … ass zeréck aus der Wanterpaus an den SNJ luet déi Professionell aus dem Jugendsecteur op säin nächst Austauschtreffen “E Kaffi am Skatepark Strossen” an. Déi entretemps 8. Editioun steet déi Kéier ënnert dem Theema “URBAN SPORTS AND NETWORKING” a beschäftegt sech am breede Sënn mat Plazen,wou Jonker sech dobausse beweegen a begéine kënnen.
Den Event fënnt Donneschdes, den 26. Mäerz 2026 am Skatepark Stroossen (100, rue du Cimetière L-8020 Strassen) statt. Den Accueil fänkt um 9 Auer un, den offizielle Programm dauert vun 9.15 bis 12.15.Um Event wäerte villsäiteg Méiglechkeeten, Iddien a fräi zougänglech Plaze ronderëm d’Beweegung an de Sport virgestallt ginn. Donieft bilde wéi gewinnt Momenter fir mat (neien) Acteuren ze networken de feste Bestanddeel vum Programm, dëst entweder mat oder ouni Kaffi.
Wann dir un dësem Event deelhuele wëllt, mellt iech w.e.g. iwwert dëse Link bis de 15. Mäerz un.
No der Umeldung kritt dir en automatesch Mail an dono an der Bestätegungsmail weider organisatoresch Informatioune matgedeelt.
Bei Froe kënnt dir iech beim Andreas Vuori (Andreas.Vuori@snj.lu) oder Bianca Rua Eiris (Bianca.RuaEiris@snj.lu) mellen.