Aluedung zur Presentatioun vun der Studie: Perspectives on Youth Work in Luxembourg
Wéi gëtt Jugendaarbecht a Lëtzebuerg wouergeholl an ëmgesat?
Déi nei Studie vun der Universitéit Lëtzebuerg bitt e spannenden Abléck an d’Rollebiller, d’Erwaardungen an d’Erausfuerderungen an der Jugendaarbecht. Dir sidd häerzlech op eng Presentatioun vun de Resultater invitéiert, déi duerno an Atelieren zesummen diskutéiert ginn.
Wéini: Mëttwoch, 25. Februar 2026, 9:00 Auer – 12:00 Auer
Wou: Haus 4850, 48–50 rue Charles Martel, L-2134 Luxembourg-Merl