Den IN:CUBATOR ass an de Forum Geesseknäppchen geplënnert.  

Déi 60 Member-Organisatiounen, déi all am Jugendsecteur aktiv sinn, schaffe vun elo un am neie shared co-working space am Forum.

Hei hu si méi Plaz, méi Bürosdëscher an eng komplett ekipéiert Kichen zur Verfügung.

D’Ëffnungszäite fir d’Benotzer sinn all Dag vu 6:30 bis 22:45.