Den SNJ, de CNA an de LuxFilmFest organiséieren de Concours Crème Fraîche doheem. Dëse Concours riicht sech u Jonker tëschent 12 a 25 Joer.

Wéi beim Concours, dee mir all Joer am Kinepolis organiséieren, geet et drëm, en originelle 60 Sekonne-Clip ze dréien. Konditioun ass bei dëser Editioun, datt am Clip Nuddelen an e Kopfhörer dra virkommen. D’Clips ginn op Youtube eropgelueden an d’Gewënner ginn och op dësem Wee bestëmmt, de Clip mat deene meeschte Likes gewënnt.

Den Asendeschluss ass de 14. Abrëll.

Reglement:      www.marienthal.snj.lu/creme-fraiche  oder facebook.com/CremeFraicheLu/