Am Zesummenhang mam Klimawandel kënnt et méi dacks zu extreme Wieder-Eventer wéi Stierm an Iwwerschwemmungen.
D’Ekipp vum Jugendzenter Huelmes „Natur erliewen“ vum Service national de la jeunesse (SNJ) bitt dofir en Training iwwer 2 Deeg un, wou déi Jonk léieren, wéi si sech op esou Situatioune virbereede kënnen.
Iwwert dei 2 Deeg gi verschidden Themen opgegraff a mat flotte Methoden erliefbar gemaach.
Esou stinn de Klimawandel, extrem Wieder-Eventer, Noutfallstrategien, emotional Resilienz a Klimagerechtegkeet am Fokus. D’Participante kënne praktescht Wëssen a Fäegkeeten entwéckelen a soumat hier Klimaresilienz stäerken.
Um Schluss vum Training ginn hinnen e CliC-Badge an en offiziellen Zertifikat vum Educatiounsministère iwwerreecht.
Wichteg Informatiounen op ee Bléck:
Fir ween?
- Scouten an Explorer
- AvEx a CaraPio
Gruppengréisst
- 12 – 20 Participante
Wann äre Scoutsgrupp net grouss genuch ass, kenn Dir iech natierlech och mat enger anerer Grupp zesumme schléissen a gemeinsam deelhuelen.
Wou?
- Am « Centre de jeunesse du Marienthal »
Auerzäiten
- 1. Dag vun 9h00 – 17h00
- 2. Dag vun 9h00 – 17h00
Datumer 2026
- 28.03 – 29.03.2026
- 31.03 – 01.04.2026
- 16.05 – 17.05.2026
- 26.05 – 27.05.2026
- 28.05 – 29.05.2026
- 27.06 – 28.06.2026
Käschten
- 35 € pro Persoun
D’Iwwernuechtung ewéi och d’Iessen si mat der Bedeelegung ofgedeckt.
Zousazinformatiounen
Wa gewënscht kann eng Owesaktivitéit wéi zum Beispill den Escape Room gebucht ginn – je no Joreszäit muss ofgeklappert gi weieng Aktivitéite meigelech sinn.
De gréissten Deel vun der Zäit hale mir eis dobaussen op, dohier ass widderspenstegsten Kleedung a gutt Schung wichteg!
Link fir sech unzemellen: https://erliewen.snj.lu/activity/clic-climate-competent/