Basisformatioun fir nei Jugendaarbechter:innen

➡️ 19.11.2024 – 21.11.2024

De Modul A: D‘Basisformatioun fir nei Jugendaarbechter:innen (Editioun November 2024) fënnt vun Dënschdes, den 19.11 bis Donneschdes den 21.11. statt. Dës dräi Formatiounsdeeg sinn am Kader vum Dispositif vun der Formation continue unerkannt.

Den detailléierte Programm mat Auerzäite kritt dir e Mount virun Ufank vun der Formatioun per Mail zougeschéckt. Weider Informatiounen fannt dir um Site vun Formation.enfancejeunesse.lu.

Bei Froen zur Inscriptioun kënnt dir iech bei secretariat@snj.lu a bei all aner Fro bei inno.jeunesse@snj.lu mellen.