De Service national de la jeunesse (SNJ) invitéiert iech op d’Assises du secteur de la jeunesse 2026, zum Thema « Jonker staark maachen an de Gemengen« .

D’Assise sinn d‘Geleeënheet mat allen Acteuren iwwer d’Perspektiven am Jugendsecteur ze diskutéieren. D’Zil vun dësem Event ass et sech iwwer Entwécklungen am Jugendberäich auszetauschen an e gemeinsaamt Engagement fir déi Jonk ze fërderen.

Fir ween? Invitéiert ass jiddereen, deen sech fir de Jugendsecteur engagéiert, sief et an enger Organisatioun, engem Service oder enger Gemeng. Bei dëser drëtter Editioun läit de Schwéierpunkt op de Gemengen an hirer Roll an der Jugendaarbecht souwéi der Bedeelegung vu Jonken op lokalem Niveau. Bei dëser drëtter Editioun läit de Schwéierpunkt op de Gemengen an hirer Roll an der Jugendaarbecht souwéi an der Bedeelegung vu Jonken op lokalem Niveau.

Wéini? Donneschdes, 12. November 2026 – 16.00 bis 19.30

Wou? Forum Geesseknäppchen – 40 Bd Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg

 

Programm:

Accueil ab 15.30 Auer

Deel 1 „Jonker staark maachen an de Gemengen“ – Beispiller aus der Praxis (16.00 bis 17.30 Auer)

Themen:

  • Jonker motivéieren, sech aktiv an hirer Gemeng ze engagéieren
  • Jugendaarbecht am Wandel: Wéi kënne Gemengen op déi verännert Besoine vu Jonke reagéieren?
  • Oppe Jugendaarbecht am ländleche Raum: Jonker erreechen a lokal Strukture stäerken.

Deel 2 Konferenz (18.00 bis 19.30 Auer)

  • Intervenanten:
    Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend
    Georges Metz, Direkter vum Service national de la jeunesse (SNJ)
    Rosa Lisa Iannone, uni.lu
  • Uschléissend un dës Interventiounen ass eng Table ronde zum Thema
    Wat ass eng jugendfrëndlech Gemeng?
    Mat Vertrieder aus de Gemengen, der Fuerschung a Jonken

Den Owend gëtt clôturéiert mat enger Receptioun an Echangen an enger geselleger Ambiance.

Mellt iech wgl. bis Donneschdes, den 5. November 2026 un.

________________________________________________________