Et heescht dëser Deeg fir eis all „Bleift doheem !“. An där Situatioun ass et guer net einfach genuch Beweegung ze kréien. Dir kënnt déi Jonk awer encouragéieren, trotz allem kierperlech aktiv ze bleiwen an dobäi op den neie Site www.aktivdoheem.lu hiweisen. Do fënnt ee flott Ureegungen a Form vu klenge Filmer, wou ee gesäit, datt et vill Méiglechkeete ginn, sech och op klengem Raum ze beweegen. Eng Kategorie riicht sech speziell u Jugendlecher an ass vun eisen Experten aus den Zentre Lëlz a Mariendall speziell fir dëse Site entwéckelt ginn. De Site gouf zesumme mam ENEPS a Sportsministère opgebaut.