Summer challenge ass eng Variant vu Spiller ouni Grenzen bei där Jonker an Ekippen géinteneen untrieden. Dobäi versiche si bei de verschiddenen Erausfuerderunge ewéi Geschécklechkeetsparcours, Präzisiounsspiller oder actionräichen Challengen Punkten ze sammelen. Am Mëttelpunkt steet de Spaass an den Teamgeescht.🤟
Wou? Parc Ban de Gasperich
Wéini? 23. Mee vun 10.30 bis 15.30
Fir ween? Jonker vun 13 bis 23 an Teams vun 3 bis 6 Leit.
Loscht matzemaachen? Da mell dech haut nach mat denger Ekipp un!