Basisformatioun fir nei Jugendaarbechter:innen
➡️ 08.12.2026 – 10.12.2026
De Modul A: D‘Basisformatioun fir nei Jugendaarbechter:innen 2026 fënnt vun Dënschdes, den 08.12 bis Donneschdes den 10.12. statt. Dës dräi Formatiounsdeeg sinn am Kader vum Dispositif vun der Formation continue unerkannt.
Den detailléierte Programm kritt dir e Mount virun Ufank vun der Formatioun per Mail zougeschéckt. Weider Informatiounen fannt dir um Site plattform.public.lu
Bei Froen zur Inscriptioun kënnt dir un secretariat@snj.lu schreiwen, fir all aner Fro weg un jean-claude.pellin@snj.lu oder cheryl.conrardy@snj.lu.