
De Kaffi an der Schläifmillen fënnt Dënschdes, den 28. Oktober 2025 vun 9h00 bis 12h15 am Atelier Schläifmillen vun Inter-Actions statt (6A, rue Godchaux, L-1634 Luxembourg).
Den Accueil ass ab 9h00. Detailer zum Programm ginn no der definitiver Bestätegung kommunizéiert.
Bei Froen zur Aschreiwung kënnt dir iech bei secretariat@snj.lu a bei all aner Fro bei jeunesse@snj.lu mellen.
Wichteg Informatiounen zum Event:
- Den Event ass op insgesamt 50 Persoune begrenzt (max. 2 Leit pro Struktur/Service)
- D’Aschreiwung ass individuell. Mellt all Participant.e separat un w.e.g.
- D’Participatioun un dësem Event ass gratis