De Service national de la jeunesse (SNJ) invitéiert iech op d' »Assises du secteur de la jeunesse 2025″, zum Thema « Eng Stëmm fir Jonker« .
D’Assise sinn d‘Geleeënheet mat allen Acteuren iwwer d’Perspektiven am Jugendsecteur ze diskutéieren. D’Zil vun dësem Event ass et sech iwwer Entwécklungen am Jugendberäich auszetauschen an e gemeinsaamt Engagement fir déi Jonk ze fërderen.
Fir ween? Invitéiert ass jiddereen, deen sech fir de Jugendsecteur engagéiert, sief et an enger Organisatioun, engem Service oder enger Gemeng.
Wéini? 27. November 2025 – 16.00 bis 19.30
Wou? Forum Geesseknäppchen – 40 Bd Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg
Programm:
Accueil : 15.30
Deel 1 : « Eng Stëmm fir Jonker » – Beispiller aus der Praxis (16.00 – 17.30)
Themen:
- Jonker gestalten hir Plazen
- Jonker fanne Gehéier an hirer Gemeng
- Jonker drécken sech aus: Plattformen vu Jonken fir Jonker
Deel 2 : Konferenz (17.45 – 19.15)
- Usprooch: Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend
- Dialog mat de Jonken an hiren Organisatiounen: Georges Metz, Direkter vum Service national de la jeunesse (SNJ)
- Engagement a Matbestëmmung: Caroline Residori, uni.lu
- Table-ronde : « Eng Stëmm fir Jonker »: Vertrieder aus Gemengen, Fuerschung a Jugendaarbecht
Opgepasst: D’Konferenz fënnt op Lëtzebuergesch statt. D’Workshops zu de Beispiller aus der Praxis an d’Table ronde fannen op Lëtzebuergesch an Däitsch statt.
Den Owend gëtt clôturéiert mat enger Receptioun an Echangen an enger geselleger Ambiance.
D’Umeldungen sinn elo zou.
________________________________________________________