LU
Mat 15 Joer: Ech sinn e Meedchen, ech ka maachen, wat ech wëll.
Haut: Ech si Molerin, ech ka maachen, wat ech wëll.
Erausgoen, déi ganz Nuecht laang danzen. Wann ech u meng Jugend denken, denken ech u Party maachen. Dat wichtegst Gefill, war dat vun der Zougehéieregkeet. Et HUET EE MISSEN dobäi sinn. (Esou huet et sech wéinstens ugefillt.) Zesumme ware mir fräi, iwwerwälteg vun der Euphorie, der Léift an den Tréinen. Ech lueden dech an, an dës Fräiheet anzedauchen, se ze genéissen an hir Grenzen ze exploréieren.
Duerch d’Molen entsteet en Dialog tëschent menge Gedanken an der Welt, an där ech liewen. Meng Konscht dréckt aus, wat ech erliewen a befreit mech. Duerch Plakegkeet, comicaartegen Elementer a kräftege Faarwe weisen ech, wat mir um Häerz läit a ganz dacks an der Weiblechkeet verankert ass.
EN
Age 15: I am a girl, I can do whatever I want.
Today: I am a painter, I can do whatever I want.
Going out, dancing all night. When I think of my youth, I think of partying. The most important feeling was that of belonging. You HAD to be there. (At least that’s how it felt.) Together, we were free, flooded with euphoria, love and tears. I invite you to immerse yourself in this freedom, enjoy it and explore its limits.
Painting opens a dialogue between my thoughts and the world I exist in. My art reveals what I experience and sets me free. Through nakedness, cartoonish elements and bright colours, I share what is dear to my heart, which is so often rooted in femininity.
