LU
Meng Aarbecht spigelt meng Transformatioun als jonk Immigrantin zu Lëtzebuerg zeréck, déi an dräi Phasen ënnerdeelt ass, déi meng pubertär Ängscht zum Ausdrock bréngen:
Ech sinn eng eidel Säit: Trennung. E Vakuum aus Rou. De brutale Moment vum Verloossen, den éischte Stréch op enger Toile. En Ufank definéiert duerch Eidelkeet.
Liewensfreed. Eng Faarwenexplosioun, wëll a lieweg, den ongezäämte Rhythmus vun der jugendlecher Fräiheet, der grenzeloser Exploratioun, den Zigaretten, dem Béier an der Frustratioun.
Ongewëssheet. Schieter, déi sech beweegen, zersplittert Perceptiounen. Meng Fanger si wond, e Beweis vu mengen Ängscht. War ech jee verluer? Huet iergendee jee wierklech seng Plaz fonnt?
D’Zäit ass vergaangen an elo sinn ech Zuschauerin, woubäi ech wuel ëmmer eng war – ech ka mech net méi genee erënneren.
Dës Phase si kloer getrennt an awer matenee verbonnen. Se reflektéieren d’Rees vun der Transformatioun an der Indentitéitsfannung.
EN
My work reflects my transformation as a young immigrant in Luxembourg, divided into three stages reflecting my pubertal anxieties:
I am a Blank Page: Separation. A void of silence. The raw break of leaving, the first stroke on a canvas. A beginning defined by emptiness.
Joie de vivre. A burst of colour, wild and vibrant, the untamed rhythm of youthful freedom and boundless exploration and cigarettes and beer and frustration.
Uncertainty. Shadows shifting, perceptions fragmented. My fingers raw, a testament to my anxieties. Have I ever been lost? Has anyone ever truly been found?
Time has passed, and now I am a spectator, though I always seemed to be one – I don’t remember well anymore. These phases are distinct yet interconnected. They contemplate the journey of transformation and identity.
