Den Educator’s Day ass eng Formatioun am Kader vun der Spill-Foire Game On, wou et ëm de pedagogeschen Asaz vun analogen an digitale Spiller an der formaler an non-formaler Bildung geet. Dës Formatioun riicht sech virun allem u Personal, dat mat Jonken ab 10 Joer schafft, an ass fir 4 Stonne vum Dispositif vun der Formation continue unerkannt. Den Event gëtt vum SNJ zesumme mam IFEN organiséiert, a Partnerschaft mat de Rotondes an der Game On asbl.

Programm
| 13:30 | Accueil |
| 14:00 | Introduction |
| 14:15 – 15:00 | Escape Game |
| 15:00 – 15:15 | Paus |
| 15:15 – 16:30 | Workshop 1 |
| 16:30 – 16:35 | Paus |
| 16:35 – 17:50 | Workshop 2 |
| 17:50 – 18:00 | Ofschloss |
Infos
D’Umeldunge sinn op 2 Leit pro Service/Organisatioun begrenzt. All weider Persoun kënnt op eng Waardelëscht.
Bei Froen zum Oflaf oder Contenu kanns du dech bei der Ekipp Développement du secteur Jeunesse mellen: manon.assa@snj.lu & chelsea.reuter@snj.lu.
Bei Froen zu denger Umeldung kanns du dech beim secretariat@snj.lu mellen.