|
An der neier Jugendstrategie soll e staarken Akzent op d’Mesuren am Secteur geluecht ginn. Fir d’Entwécklung vun de Mesurën, ass den Input vum Secteur duerfir zentral.
An enger éischter Konsultatiouns-Phas iwwer e Questionnaire hu mir scho vill wäertvollen Input zu de Mesurë vum Jugendpakt gesammelt. Op dëser Basis wëlle mir elo an enger zweeter Phas zesumme mat Iech d’Ëmsetzbarkeet vun de geplangte Mesuren am Kader vu Workshops diskutéieren a weider konkretiséieren.
Eng breet Participatioun ass dobäi besonnesch wichteg, fir praktesch an effikass Usätz ze entwéckelen. Dës Workshops riichte sech un dat edukatiivt Personal, d’Gestionnairen vu Jugendhaiser, Jugendservicer a Jugendorganisatiounen wéi och un d’Gemengeservicer oder -kommissiounen, déi am Beräich Jugend aktiv sinn.
Wéini:
Dënschdeg, de 16. Juni 2026, vu 9:00 bis 12:00 Auer oder vu 15:00 bis 18:00 Auer
Wou:
„Haus 4850“, 48–50, rue Charles Martel, L-2134 Luxembourg-Merl Service national de la jeunesse
Oflaf:
08:30 – 09:00 Auer (14:30 – 15:00 Auer) Arrivée vun de Participanten 09:00 – 09:10 Auer (15:00 – 15:10 Auer) Begréissung 09:10 – 10:00 Auer (15:10 – 16:00 Auer) Virstellung vum Jugendpakt 10:00 – 11:00 Auer (16:00 – 17:00 Auer) Diskussioun an den Aarbechtsgruppen 11:00 – 11:15 Auer (17:00 – 17:15 Auer) Kaffispaus 11:15 – 11:45 Auer (17:15 – 17:45 Auer) Diskussioun am Plenum 11:45 – 12:00 Auer (17:45 – 18:00 Auer) Schlusswuert
Oflaf vun den Aarbechtsgruppen:
Grupp 1 : Mesurën matt de Jugendheiser Grupp 2 : Mesurën matt de Jugendservicer & Benevolat Grupp 3 : Mesurën matt de Gemengen
Mellt iech w.e.g. bis spéitstens Freideg, de 05. Juni 2026 un.
D’Umeldunge sinn elo zou!
|