Zanter méi ewéi engem hallwe Joerhonnert erméiglecht de Jugendzenter zu Huelmes vum Service national de la jeunesse Kanner a Jugendlecher d’Natur mat alle Sënner ze erliewen, ze verstoen an ze schätzen.
D’Equipe „Natur erliewen“ bitt eng Villfalt un Aktivitéiten an der Natur fir Kanner- a Jugendgruppen un, souwéi Weiderbildungen am Beräich vun der Natur- an Ëmweltdidakt.
D’Leitmotiv vun den Aktivitéiten ass dat gemeinsaamt Erliewen, Begräifen a Maachen an der Natur. D’Erliewe fënnt a verschiddenen Naturräim statt, beispillsweis am Bësch „Laaschtert“, bei der Maandelbaach bei de Weieren oder am Mariendall um Bauerenhaff.
Mir wëllen d’Geleeënheet notzen, fir Iech eis Aarbecht méi no ze bréngen an hunn e villfältege Programm fir Grouss a Kleng opgestallt
Loosst Iech vun der Schéinheet vun der Natur inspiréieren an erlieft zesumme mat eis, wat d’Natur alles ze bidden huet!

NaTOURerliefnisdag 2026
Sonndes den 14. Juni 2026 fënnt zu Huelmes déi 3. Editioun vum NaTOURerliefnisdag statt!
Freed iech op e gutt gefëllte Programm mat flotte Workshops a Statioune ronderëm Huelmes. Ënnert anerem erwaarden iech: am Weier dëmpelen, Waasserrad bauen, Seel bannen oder Feier maachen.
Egal ob Grouss oder Kleng – hei gëtt et vill ze erliewen!
Naturkolonien zu Huelmes
28.05. – 30.05.26 – Natur erliewen zu Huelmes
Alter: 13 – 16 Joer
Descriptif: De Centre SNJ Hollenfels „Natur erliewen” organiséiert an der Péngschtvakanz 2026 eng Naturkolonie zu Huelmes. Feier maachen, Schnëtzen a Kachen an der Natur, dat alles an nach villes méi steet um Programm. Am Dag hues de d’Méiglechkeet an d’Welt vun de Beien anzedauchen, d’Liewewiesen aus dem Waasser ze erfuerschen an op engem Challenge de Bësch a seng Bewunner besser kennen ze léieren. An Owes kanns du beim Feier flott Erliefnisser an der Natur sammelen an um Zelt-Camp am Bongert iwwernuechten.
24.05. – 26.05.26 – Déi kleng Naturfuerscher
Alter: 4 – 7 Joer
Descriptif: De Centre SNJ Hollenfels „Natur erliewen” organiséiert an der Péngschtvakanz 2026 eng Naturkolonie zu Huelmes. D’Welt vun de Beien entdecken, d’Déieren um Bauerenhaff besichen an d’Bewunner aus dem Bësch besser kenneléieren, dat alles a nach villes mei steet um Programm. Owes kanns du beim Feier flott Erliefnisser an der Natur sammelen an um Zelt-Camp am Bongert iwwernuechten.