Zanter méi ewéi engem hallwe Joerhonnert erméiglecht de Jugendzenter zu Huelmes vum Service national de la jeunesse Kanner a Jugendlecher d’Natur mat alle Sënner ze erliewen, ze verstoen an ze schätzen.

D’Equipe „Natur erliewen“ bitt eng Villfalt un Aktivitéiten an der Natur fir Kanner- a Jugendgruppen un, souwéi Weiderbildungen am Beräich vun der Natur- an Ëmweltdidakt.

D’Leitmotiv vun den Aktivitéiten ass dat gemeinsaamt Erliewen, Begräifen a Maachen an der Natur. D’Erliewe fënnt a verschiddenen Naturräim statt, beispillsweis am Bësch „Laaschtert“, bei der Maandelbaach bei de Weieren oder am Mariendall um Bauerenhaff.


NaTOURerliefnisdag 2027

Sonndes den 23. Mee 2027 fënnt zu Huelmes déi 4. Editioun vum NaTOURerliefnisdag statt!

Freed iech op e gutt gefëllte Programm mat flotte Workshops a Statioune ronderëm Huelmes.

Egal ob Grouss oder Kleng – hei gëtt et vill ze erliewen!

Detailer kommen no!