Foire vun der Jugendaarbecht 2018

De 16. Oktober huet den SNJ op déi éischt Editioun vun der „Foire vun der Jugendaarbecht“ invitéiert. Mat 45 Stänn an iwwer 250 Participante war dës och direkt e grousse Succès.

No enger klenger Introduktioun vum Georges Metz, Direkter vum SNJ, hu mat der ACEL, dem Mouvement écologique, der PINS Asbl an dem Jugendhaus Gare och nach véier ganz verschidden Acteuren aus dem Jugendsecteur e puer vun hire Projeten op der Bühn virgestallt. Anschließend konnten d’Participanten an enger gemittlecher an ongezwongener Atmosphär iwwer d’Foire schlenderen a sech iwwer déi neisten Offeren, Aktivitéiten a Methoden op de verschiddene Stänn informéieren.

Ufank Oktober 2019 wäert déi zweet Editioun stattfannen a mir hoffen och dann nees méiglechst vill Acteuren aus dem Secteur begréissen ze kënnen.