D’Foire vun der Jugendaarbecht – Wou sech de Secteur trëfft!

Den Oktober war bis ewell ëmmer de Mount vum SNJ senger traditioneller „Rentrée“. Dëst d’Joer gi mir mat der éischter Editioun vun der „Foire vun der Jugendaarbecht“ awer nei Weeër, dat mam Zil dem Secteur eng Plattform fir den Echange ënnerteneen ze ginn. Déi verschidden Acteure sollen d’Méiglechkeet gebuede kréien sech an hir Projeten/Initiativë virzestellen an se sou méi bekannt ze maachen. Nieft den diverse Stänn wäerten et awer och gemittlech Ecke gi wou d’Participanten sech a klenger Ronn kënnen austauschen.  

D’Foire fënnt de 16. Oktober vun 9:00 – 13:00 am Forum Geesseknäppchen statt a mir géingen eis freeën iech do begréissen ze kënnen. Umelle kënnt dir iech ganz einfach online iwwer de Site www.snj.lu/foire.