31. Remise vun den Animateursbreveten am Forum Geesseknäppchen

Den 30. November um 17 Auer ass déi 31. Remise vun den Animateursbreveten am Forum Geesseknäppchen.

Insgesamt kréie 707 Leit hire Brevet, dovunner 329 Brevets A (Animateure vu Vakanzaktivitéiten), 232 Brevets B (Aide-animateure vu Campen a Kolonien), 88 Brevets C (Animateure vu Campen a Kolonien), 11 Brevets D (spezialiséiert Animateuren), 13 Brevets E (Campcheffen a Responsabel vu Kolonien) a 34 Brevets F (Formateure vun Animateuren).

 

All d’Organisatiounen, déi Formatiounen ubidden, sinn an den 2 “Commissions consultatives fir d’Animateursformatiounen” vertrueden. Si treffe sech regelméisseg fir iwwer all wichteg Froen zur Animateursformatioun ze diskutéieren an neit pädagogescht Material fir d’Animateuren an d’Formatiounen auszeschaffen.

D‘Animateursformatioune lafen no de Methode vun der non-formeller Bildung of: Participatioun vun de Jonken, „Learning by doing“ a „Léieren am Grupp“.

D’Formatioune sinn e wichtege Pilier fir d’Qualitéitssécherung an der Kannerbetreiung.

Säit 1987 goufe knapp 12000 Animateursbreveten iwwerreecht.