Workshop 18.-20.5.2013

Moien allegueren!
Den zweete gemeensame Workshop steet virun der Dier.
Deskéier as en allerdengs nët zu Réimech am Jugendhaus, mais zu Remerschen an der Sportshaal vun der Schoul géigeniwwer vun der Jugendherberg.
Treffpunkt as samsdes um 11h zu Remerschen.
Mat Ausnahm vum Mettegiesse samsdes as fir Är Verpflegung gesuergt. Brengt Iech samsdes fir mettes also w.e.g. eppes Klenges mat.
Samsdes Owes gid Dir am Kader vun der Nuit du sport op d'Remerschener Weieren. Schwammsaachen wären also vu Virdeel. ;)
Fir, datt mir alles bescht méiglegst organiséire kënne biede mir déi, déi sëch nach nët ugemellt hun dest w.e.g. nach ze maachen. Entweder iwwer Doodle:
http://www.doodle.com/k7v83ntutyfrwyss
oder wann Dir hei schlofe wellt mellt Iech w.e.g. un iwwer:
info@rollinontheriver.lu
De Workshop as méindes um 16h eriwwer.
Weiderhin merci fir Ärt Engagement & LG,
RotR-Team